Äre spezielle Kaddo: Part(en) vum Energiepark Mëllerdall

Villmools Merci fir Ären Interessi un der Energiekooperativ.

Well bis elo schonn eng ganz Rei Bierger (135 – Stand vum 5. Februar 2021) sech un der Kooperativ bedeelegt hunn, konnte mir scho 5 Photovoltaik-Anlagen an Optrag ginn. Enn Januar 2021 sinn d’Anlage vun Zëtteg a Bäertref un d’Netz gangen, an déi nächst sinn d’Anlagen um Daach vum Waasserbaseng zu Hiefenech, um Daach vun der Sportshal zu Konsdref an um Daach vun enger Haal zu Iechternach am Alferweiher, dëst alles duerch d’Ënnerstëtzung duerch intresséiert an engagéiert Bierger.

Aner Projete ginn nach op hir Rentabilitéit ënnersicht a ginn, je nodeem, duerno konkret geplangt an ëmgesat.

Verschenkt duerfir een nohaltegen an zukunftsorientéierte Kaddo: Undeeler un der Kooperativ, an domat un de Projete vum Energiepark Mëllerdall! Dëst stellt eng staark Investitioun an eng propper Zukunft duer a garantéiert Iech och e Rendement.                        

Sou kënnt Dir gréng Energie ënnerstëtzen an aktiv eppes fir de Klimaschutz maachen.
Merci am Viraus!

An esou geet et:

1) Kaddosformulaire hei opmachen<- KLICK

 

2) Liesen, ausfëllen, erausprinten a verschenken!