D‘Projeten gi prioritär um Gebitt vum Natur- & Geopark Mëllerdall realiséiert.
Den Energiepark Mëllerdall hëlleft mat sengen Aktivitéiten och dem Lëtzebuerger Staat seng Ziler a punkto Energie- a Klimapolitik ze erreechen. Lëtzebuerg verfollegt d‘Zil, den Undeel un erneierbarer Energie vun 11% am Joer 2020 op 25% bis zum Joer 2030 unzehiewen. 2014 louch den Undeel grad mol bei 4,5%.
Investéiert gi soll an d’Produktioun vun erneierbaren Energien wéi Sonn, Wand- an/oder Waasserkraaft a Biomass, awer och am Beräich vun der Energieeffizienz.
Iwwer eng Bestandsopnam vun de kommunalen Daachflächen bei deenen eenzelnen Gemengen si schonn eng ganz Rei Diech vu kommunale Gebaier fonnt ginn, wou eng Photovoltaikanlag installéiert ka ginn. Nach dëst Joer solle folgend Anlagen installéiert ginn: Bäertref – Daach vun der Kierch, Hiefenech – Daach vum Waasserreservoir, Konsdrëf – Daach vun der Sportshal, Zëtteg – Daach vun der Kläranlag.
Finanzéiert sollen déi Photovoltaikanlagen ginn duerch d’Kafen vun Undeeler zu je 100 € duerch d’Bierger aus dem Natur-& Geopark Mëllerdall, déi doduerch Member an der Kooperativ ginn an hire Bäitrag zum Klimaschutz leeschten.
Dëst ass eng Initiativ, déi ugestouss gouf vum Natur- & Geopark Mëllerdall am Kader vum europäeschen Projet LIFE-IP ZENAPA a mat der finanzieller Ënnerstëtzung vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung a vun der Europäescher Unioun.
Hei kënnt Dir eis Statuten eroflueden: